Mir stellen iech all Daag en neien Transfer fir Saison 24/25 fir
14th June 2024
Minerva Lintgen
Welcome Ben Zoundi !
Den Ben ass en schnellen golgeféierlechen an och offensiven variabel asetzbaren Spiller den hei am Land an der Éierepromotioun (Mertert/ Wasserbelleg) an och an der BGL (Victoria Rosport) seng Qualitéiten schonn ënner Beweis gestallt huet.
Mir sinn frou dass mir dësen Spiller fir eisen Projet iwwerzeegen konnten.
________________________________________________________________________
Op dësem Samschden , stellen mir Iech den Ian Fialho fir.
Den Ian huet 21 Joer an ass een ganz talentéierten Ofwierspiller.
Déi lescht Joren konnt den Ian zu Diddeleng an zu Beetebuerg an der Éierepromotioun seng éischt Erfarungen am Seniorsberäich sammelen.
Mir begréissen dech an der Lëntgener Famill Ian.
________________________________________________________________________
Next One ! Haut präsentéieren mir Iech den Yannick Delgado !
Den Yannick huet 30 Joer an wäert eis Defense verstäerken. Aktiv war hien déi läscht Saison‘en zu Jonglënster.
Mir wënschen him vill Erfolleg a sengem neien Challenge beim Fc Minerva.
______________________________________________________________________________________________
Den nächsten Transfert ! Mir stellen Iech den Ante Bukvic fir.
Den Ante ass keen onbekannt Gesicht an der Lëtzebuerger Fussballwelt.
Een erfuerenen Spiller, deen en anerem 10 Nominatiounen am A-Kader
vun eiser Nationalequipe huet an iwwer 200 Matcher an der Nationaldivisioun gespillt huet.
Déi läscht Joren huet hien zu Miedernach gespillt.
Mir wënschen dem Ante bonne Chance fir déi nei Saison an Welcome on Board.
________________________________________________________________________
Ugefaang mat Chenard David.
Den David huet 34 Joer an seng Positioun ass Golkipper.
Hien huet déi läscht Joren zu Izeg gespillt an bréngt vill Erfarung mat op Lëntgen.
Welcome beim FC Minerva Lëntgen David